Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Youth Culture Days 2024

All Joer stellt d’Gemeng Suessem an der Allerhellegevakanz e flotte Programm op d’Been, fir Jonken d’Geleeënheet ginn, hirer Kreativitéit fräie Laf ze loossen. De Projet À suivre…, organiséiert vun der Kulturkommissioun, heescht elo Youth Culture Days a bitt eng ganz Rei flott Atelieren un. Dëst Joer ginn dës Workshops iwwer 4 Deeg:

  • E Samschdeg, de 26. Oktober
  • E Sonndeg, de 27. Oktober
  • E Méindeg, den 28. Oktober
  • En Dënschdeg, den 29. Oktober

Pro Persoun/pro Workshop kascht et 10€
 

Hei d’Ateliere fir sech anzeschreiwen:

 

Roboter-Rettung

Eis Robotere goufen an engem Labyrinth agespaart, an du muss hinnen hëllefen, sech ze befreien! Dofir muss du gutt iwwerleeën, kodéieren, testen an am Team zesummeschaffen. De Workshop ass am ale Musekssall zu Suessem.

  • E Samschdeg, 26 Oktober vu 14.30 bis 16.30 Auer
  • Max. 10 Participanten
  • Workshop vu Code Club Luxembourg
  • Fir Jonker vun 10 bis 13 Joer


 

Cyber-Art

Looss däi Roboter molen! E Roboter huet keng Fantasie, mee du bass kreativ a kanns him bäibréngen, wéi ee richteg Meeschterwierker moolt. De Workshop ass am ale Musekssall zu Suessem.

  • E Sonndeg, de 27. Oktober vu 14.30 bis 17.30 Auer
  • Max. 10 Participanten
  • Workshop vu Code Club Luxembourg
  • Fir Jonker vun 10 bis 15 Joer


 

Maach mat Musek!

Du géifs dech gäre musikalesch entfalen? Da komm mat op eng flott Rees an d’Welt vun der Musek. Léier verschidden Rhythmen ze spillen, probéier Täkt aus an entdeck den Ënnerscheed tëscht elektroneschen an akusteschen Instrumenter. De Workshop ass am Centre Culturel Metzerlach (Salle Chorale).

  • E Samschdeg, de 26. Oktober vun 10.30 bis 12.00 Auer a vu 14.00 bis 15.30 Auer (Grupp A)
  • E Sonndeg, de 27. Oktober vun 10.30 bis 12.00 Auer a vu 14.00 bis 15.30 Auer (Grupp B)
  • Max. 14 Participanten
  • Fir Jonker vun 10 bis 20 Joer
  • Workshop vum Brave (Alternativ Musekscoursen BAMSS)


 

Foto-Scrapbook

Du sichs no enger kreativer Léisung fir Fotoen an aner Souvenire flott ze presentéieren? Dann ass e Foto-Scrapbook genau dat Richtegt fir dech! Fëll däi Skizzebuch mat alen oder neie Fotoen, Prints, klenge Souveniren an allem, wat dir soss wichteg ass. Mir stellen dir dat néidegt Deko-Material zur Verfügung. De Workshop ass A Gadder zu Bieles.
 
Fänk u mat sammelen a bréng alles mat an de Workshop.

  • Vun e Sonndeg de 27. bis en Dënscheg den 29. Oktober vun 13.30 bis 16.30 Auer (Atelier op 3 Deeg)
  • Max. 10 Participanten
  • Fir Jonker vun 12 bis 20 Joer
  • Workshop vum Jessie Lang


 

Manga-Workshop

Léier aus fräier Hand Manga-Figuren ze zeechnen an entfal deng Kreativitéit an dëser weltbekannter Konschtform. Dëse Workshop bitt eng zolidd Basis fir Figure vu Kapp bis Fouss ze gestalten, an dat mat wichtegen Detailer wéi Gesiichtsausdréck an Emotiounen. De Workshop ass am Kulturschapp Éilereng (Salle de Conférence).

  • E Samschdeg an e Sonndeg, de 26. a 27. Oktober vun 10.00 bis 13.00 Auer (Atelier op 2 Deeg)
  • Max. 15 Participanten
  • Fir Jonker vun 12 bis 20 Joer
  • Workshop vum Sabrina Kaufmann
 

Afrikaneschen Danz

Dësen Danz-Atelier baséiert op der aler afrikanescher Philosophie, datt Konscht e wichtege Punkt an der Erzéiung a Gesellschaftsentwécklung ass. Danz symboliséiert e Wee fir anerer ze „héieren“ a perséinlech Erfarungen duerch Kierpersprooch auszedrécken. An dësem Workshop gëtt gedanzt, fir dës generatiounsiwwergräifend Traditioun oprecht ze halen, fir sech auszedrécken, fir Freed ze spieren a fir sengen Emotioune fräie Laf ze loossen. Den Atelier gëtt vun engem Live-Museker begleet. De Workshop ass am Kulturschapp Éilereng (Festsall).

  • E Méindeg an en Dënschdeg, den 28. an 29. Oktober vun 10.00 bis 12.00 Auer (Atelier iwwer 2 Deeg fir Jonker vun 10 bis 14 Joer)
  • E Méindeg an en Dënschdeg, den 28. an 29. Oktober vun 13.00 bis 15.00 Auer (Atelier iwwer 2 Deeg fir Jonker vu 15 bis 20 Joer)
  • Workshop vun der ASBL AlterCadance