Duerch eng konstant Evolutioun a Qualitéit vun den Zerwisser déi ee senger Bevëlkerung offréiert, wëll d’Gemeng zesumme mam Office social stänneg déi sozial Projeten ënnerstëtzen, déi op a ronderëm hire Matbierger·innen axéiert sinn.
D’Zil vun dësem Projet ass et d’Visioun vun der sozialer Hëllef z’erweideren. Et geet drëm Besoine vun der Kollektivitéit z’identifizéieren an z’analyséieren, esou datt een d’Liewenskonditioune vun den Awunner·innen vun der Gemeng Suessem ka verbesseren.