Am Joer 2025 huet d’Gemeng Suessem de Service de Proximité, fréier de Service vum Agent Municipal / Garde-Champêtre, an d’Liewe geruff, fir kënne sécherzestellen, datt déi ëffentlech Uerdnung a Sécherheet esou wéi och d’Propretéit vum ëffentleche Raum garantéiert sinn.

De Service de Proximité, zu deem all d’Agent·e·s Municipaux·ales zielen, huet eng Partie Aufgaben ze erfëllen, déi per Gesetz festgehale sinn:

  • Sensibiliséierung vum Public a Saache Sécherheet, Preventioun a Gesetzer resp. Reglementer, déi en vigueur sinn
  • Déi respektiv Servicer vun der Gemeng a vum Staat driwwer informéieren, wann et Problemer a puncto Sécherheet, Ëmwelt oder Voirie ginn
  • Foussgänger·innen assistéieren, fir iwwer d’Stross ze goen
  • Iwwerwaachung vu Mënsch a Gemengeproprietéit wärend Gemengenevenementer
  • Assistenz vu Mënschen an Nout, bei Accidenter oder anere Virfäll, déi hiert Liewen a Gefor bréngen