Pilotsite Solarstrooss “Wattway”
D’Energiewend ass am Gaang an d’Eegeversuergung gëtt eng ëmmer méi wichteg Komponent an der Energielandschaft. Hei ass de Wattway eng vun de Léisunge fir lokal Energie ze produzéieren. Dës Strooss vun der Zukunft, déi ëmweltgerecht an intelligent ass, kann eng vun de Solutioune si lokal Energieautonomie z’erreechen.
Mat de Pilotsiten, déi et haut scho gëtt kënnen:
- Opluetstatioune fir elektresch Autoe versuergt ginn
- Stroum an d’Netz agespeist ginn
- Unzeigetafelen alimentéiert ginn
- Gebaier mat Stroum versuergt ginn
- ëffentlech Beliichtung bedriwwe ginn, wann déi gesammelt Energie stockéiert gëtt
an dat alles ouni d’Landschaft ze stéieren, well sech de Wattway an dës integréiere léisst.
Am Fall vum Pilotsite an der Gemeng Suessem ass de Wattway um Parking hannert der Gemeng installéiert an mam Stroum, deen hei produzéiert gëtt kënnen d’Servere vun der Gemeng bedriwwe ginn.
Wichteg Daten iwwert de « Wattway »
Schlësseldate vun engem Module :
Gréisst vum Module (m): 1,398 * 0,69
Fläch vun engem Module (m2): 0,96
Puissance vun engem Module (Wc): 115
Schlëssledate vum Projet Wattway zu Suessem:
Unzuel vu Modullen: 30
Installéiert Puissance (Watt): 3450
Stonne mat Maximalleeschtung (h/an): 920
Joresproduktioun (kWh): 3105
CO2- Aspuerungen: (t): 1,9 t/an
Zréck