Den Numm vum Duerf Éilereng ka bis an d’XIII. Joerhonnert zeréckverfollegt ginn. Am Joer 1282 daucht den Numm „Elrenges“ eng éischte Kéier op. D’Wuerzel vum Numm geet warscheinlech op dat alhéichdäitscht Wuert „Elira“ zeréck a bedeit Alënter (Erle). De Suffix „-eng“ deit dorop hin, dass déi éischt Awunner vun Éilereng e germaneschen Ursprong haten an sech hei nom Enn vun der Réimerzäit néiergelooss hunn.
Och wann Éilereng haut zur Gemeng Suessem gehéiert, war dat net ëmmer de Fall. Am Mëttelalter war Éilereng, zesumme mat Monnerech a Lalleng, en Deel vun der Herrschaft vun der Famill „Berwart“, deenen Esch gehéiert huet. Nom drëssegjärege Krich an der Peschtepidemie am XVII Joerhonnert war Éilereng esouguer eng Zäit onbewunnt.
D’Uertschaft ass awer net verschwonnen an esou liewen haut eng ronn 1000 Leit hei.