Et ass onkloer a wéi engem Joer d’Uertschaft « Beluass » gegrënnt gouf. Eng éischte Kéier ernimmt gëtt se awer am XIV. Joerhonnert. 1373 stellt den Herzog Wenzel Bieles e Fräiheetsbréif aus.
Iwwer Joerhonnert ewech sinn et gréisstendeels d’Häre vu Zolwer, déi iwwert d’Schicksal an d’Entwécklung vu Bieles bestëmmen. 1570 hat d’Duerf eng ronn 70 Awunner ass an de Joerzéngten duerno awer ëmmer viru gewuess. 1755 gouf et 240 Leit, déi zu Bieles gewunnt hunn, zum groussen Deel waren dës op der Kopp an der Géigend vun der haiteger „Rue Grande-Duchesse Charlotte“ doheem.
Mat der Installatioun vun der Stolindustrie am Süde vu Lëtzebuerg, a virun allem mat de Schmelzen zu Esch, fänkt ëm 1900 eng séier Croissance vu Bieles un. 1909 gëtt dann och d’Schmelz um Belval gebaut, déi zënter 1911 a Betrib ass, wat et Bieles erméiglecht huet virun ze wuessen. Haut wunne ronn 7300 Leit zu Bieles an d’Uertschaft profitéiert aktuell vun der Rekonversioun vun de Friche vum Belval, wou en neie Quartier wiisst, deen zum Groussdeel op Bielesser Terrain läit.