Op dëse Säite fannt dir all d’Informatiounen zum politesche Liewen an der Gemeng Suessem.
Dir gitt gewuer, wien am Schäfferot a wien am Gemengerot sëtzt, wien a wéi enger Kommissioun vertrueden ass an a wéi enge Syndikater, konventionnéierten Asblen an Societéiten d’Gemeng Suessem Member ass.
Doriwwer eraus kënnt dir och déi aktuell Schäfferotserklärung noliesen, mat den Haaptpunkten, déi d’Koalitioun tëscht LSAP an CSV bis 2029 realiséiere wëll.
De Schäfferot
Hei gesitt dir, wien am Schäfferot ass a wéi eng Ressorten deene jeeweilege Membere vum Schäfferot ënnerstinn.
De Gemengerot
Wéi eng Parteie sinn am Gemengerot vertrueden? Wien ass fir wéi eng Partei Conseiller·ère? Äntwerten op dës Froe fannt dir hei.
D'Schäfferotserklärung
Hei kënnt dir déi komplett Schäfferotserklärung aus dem Juli 2023 noliesen.
Syndikater, Societéiten a konventionnéiert Asblen
A wéi enge Syndikater, Societéiten a konventionnéierten Asblen ass d'Gemeng Suessem Member? Hei fannt dir et eraus.