De CIPA Résidence Dickskopp huet 1983 seng Dieren opgemaach. De 16. Juli 2012 huet eng nei Ära ugefaangen, mat engem neien Numm « Résidence Op der Waassertrap » an dem Plënneren op deen neie Beval Site zu Bieles.
Et handelt sech em eng gemengen Ariichtung, deem säi Gestionnaire de Schäfferot vun der Suessemer Gemeng ass a wou déi deeglech Verwaltung duerch d’Direktioun vun der REWA geséchert gëtt.
An enger roueger a grénger Ambiance, profitéiert dëst Haus och vun engem schéin amenagéierte Park deen Iech invitéiert fir kuerz Spadséiergäng ze maachen.
Mir begréissen 120 Residenten a mir setzen e besonneschen Akzent op d’Liewensqualitéit. De Respekt fir déi perséinlech Gewunnechte vun eise Resident ass besonnesch wichteg fir eis.
Eis Missioune sinn :
- Qualitéitsservicer unzebidden, déi d’Erwaardunge vun de Residenten a Clienten erfëllen, de juristeschen a reglementaresche Fuerderunge gerecht ginn, esou wéi den Ufuerderunge vun der Fleegeversécherung an de Beräicher : Hotellerie, Ënnerkonft, Restauratioun, Fleeg, Animatioun a Fräizäit, an anerer (Coiffer, Pedikür, …) ;
- d’Sécherheet fir d’Leit an hir Saachen ze garantéieren ;
- en agreabelt a séchert Liewensëmfeld unzebidden ;
- verschidden Aktivitéiten unzebidden, déi sensibel op déi eenzel Fäegkeeten a Goûte sinn an d’Bedeelegung ze ermonteren