Schonn ëmmer war et der Gemeng Suessem wichteg sech z’engagéieren an esou sozial, ecologesch an humanitär Projeten z’ënnerstëtzen.
Sief dat de CIGL Suessem, deen 1998 schonn an d’Liewe geruff ass, de CIPA “Residenz op der Waassertrap”, deen als eenzege CIPA am ganze Land vun enger Gemeng geréiert gëtt, d’Aktioun “D’Gemeng Suessem hëlleft” mat där konkret Infrastruktur- a Bildungsprojeten um Cap Vert ënnerstëtzt ginn oder och nach “Eis Epicerie”, e soziale Buttek mat fairen a lokale Produiten.
Op den nächste Säite kritt dir en Abléck an eng Rei vun de Projeten, an a fir déi sech d’Gemeng Suessem engagéiert:
CIGL Suessem
CIPA Résidence op der Waassertrap
D'Gemeng Suessem hëlleft
Eis Epicerie