Wanterfeeling
Déi 12t Editioun vum Wanterfeeling an der eemoleger Atmosphär am Park vum Suessemer Schlass war vum 15. bis de 17. November 2019 e volle Succès. Déi perfekt Plaz fir Geschenkiddien ze sammelen a schonns a Wanterstëmmung ze kommen.
Dausende Visiteure si virwëtze komm, fir ënner anerem déi iwwer 40 Verkafsstänn mat Dekoratiounsartikele fir bannen a baussen, Bijouen, Kleeder a Blummen z’entdecken, mee och déi kulinaresch Spezialitéite passend zur Joreszäit ze schmaachen. Et gouf och vill Animatioun fir Grouss a Kleng mat Artisten, an et gouf Concerte vu der Fred Baretto Group, Heavy Petrol, Kantri Klapp an Jazz Lives.