Expo Tom Wagener
Den 21. Mäerz 2024 war am Kader vum Weltdag vun de Mënsche mat Trisomie 21 am Restaurant Madame Witzeg zu Bieles de Vernissage vun der Billerexpo vum Kënschtler Tom Wagener. Et gouf dobäi Besuch vum amerikaneschen Ambassadeur, dem Här Thomas Barrett, a Begleedung vum amerikanesche Moler David Lenz. An och de Lëtzebuerger Familljeminister Max Hahn war sur place. D’Ekipp vum Restaurant hat e Patt an e puer exzellent Häppercher zerwéiert.
Hei fannt dir méi Infoen iwwert den Tom Wagener an seng Konscht.
(Fotoen: Max Staus)