Vernissage Foto-Expo Patrick Pütz
Freides, den 28. Juni 2019, haten d’Gemeng Suessem an d’Kulturkommissioun op de Vernissage vun der traditioneller Fräiloftausstellung an de Park Backes invitéiert. D’Ausstellung stoung dëst Joer ganz am Zeeche vun de Wierker vum Patrick Pütz.
Joergang 1959, huet de Patrick Pütz seng Kandheet zu Bieles verbruecht. Am Joer 2007 krut hien déi onbaarmhäerzeg Diagnos Parkinson. Opginn oder sech goe loosse war fir de Patrick Pütz awer ni eng Optioun an hien huet sech zesumme mam Centre Parkinson eng nei Erausfuerderung gesicht.
Op dësem Wee ass de Patrick Pütz bei der digitaler Fotografie ukomm. Een Hobby, deen an deene leschte Joren eng ganz zentral Roll a sengem Liewen ageholl huet. Wat d’Motiver vu senger Makro-Fotografie betrëfft, sou hunn et dem Patrick Pütz virun allem Planzen, Déieren a Momenter aus dem Alldag ugedoen.
Bei herrlechem Wieder huet de Fotograf déi Interesséiert op ee ganz perséinlechen Tour duerch d’Ausstellung geholl. Dono duerften natierlech ee klenge Maufel an ee Glieschen net feelen.
D’Ausstellung ass nach bis den 1. Oktober 2019 am Park Backes zu Suessem.