Fotoausstellung ‘Trust the process’
Dëse Freiden, 7. Juli 2023 hat de Schäfferot a Kollaboratioun mat der Kulturkommissioun vun der Gemeng Suessem op de Vernissage vun der traditioneller Fräiloftausstellung an de Park Backes invitéiert. Dës 15t Editioun vun der Ausstellung steet ganz am Zeeche vun de Wierker vum Jessie Lang.
D’Jessie, Joergang 1999, ass zu Bieles am Roude Wee an d’Primärschoul gaangen. Als Kand krut et eng KidiZoom Kamera geschenkt, déi et vun do un iwwerall matgeholl huet an d’Feier vun der Leidenschaft fir Fotografie an him ausgeléist huet. No sengem Fotostudium zu Köln koum et 2021 mam Diplom an der Täsch zeréck a schafft zanterhier als fräiberufflech Fotografin. D’Fotografie ass fir d’Jessie Lang virun allem e ganz perséinleche Prozess, dee vill Gedold, Virwëtz a Passioun verlaangt. D’Fotoe vun dëser Ausstellung sollen dëst weisen. Et gesäit een eng Mëschung aus méi kommerziellen an awer och kënschtleresche Fotoen, fir en Abléck an déi zwou Welten ze kréien.
Bei beschtem Wieder huet d’Fotografin déi éischt Interesséiert op eng ganz perséinlech Visite guidée duerch d’Ausstellung geholl. Dueno gouf et e klenge Maufel an ee Glieschen fir jiddereen, an donieft och en akustesche Concert.
D’Ausstellung ass nach bis den 1. Oktober 2023 am Park Backes zu Suessem ze gesinn, eng Organisatioun ënnert dem Auspice vun der Fédération Luxembourgeoise de la Photographie Artistique.