Syntheetesche Fussballsterrain zu Éilereng
Den 3. Mäerz 2025 ass den neie syntheetesche Fussballsterrain nieft dem Kulturschapp zu Éilereng offiziell ageweit ginn. Nieft dem Gemengerot waren och Vertrieder·inne vun den zoustännege Gemengeservicer a vum FC Éilereng invitéiert.
No diversen Iwwerleeungen a Reuniounen hat de Schäff·innerot d’Decisioun geholl, een Terrain ze bauen. Sou soll dee Groussen entlaascht an de méi jonke Spiller·innen vun der U7 Bambinis bis U13 Minimes eng aner Méiglechkeet gebuede ginn, hir Trainingen a Matcher ze spillen.
Donieft krut d’Entente Éilereng een neie Container fir Material. Duerch dës Acquisitioun konnten zwou Garagen, déi an engem schlechten Zoustand waren, ewechgeholl ginn. Nieft dem Terrain ass ee Chalet mat enger klenger Buvette, Stock fir Trainingsmaterial an ee klenge Vestiaire fir d’Arbitter·innen ageriicht.
Bei der Aweiung waren d’Jugendekippen amgaang mat trainéieren an haten de Schäff·innerot invitéiert, hiert d’Gléck virum Gol ze probéieren.
De selwechten Dag war och d’Aweiung vun der neier SEA Walerwiss zu Éilereng.
Fotoen: Steve Ginepri / Gemeng Suessem