Pavillon Source Bel-Val
Um Ufank vum 20te Joerhonnert gouf et um Belval eng Quell, där hiert Waasser an déi ganz Welt exportéiert gouf, wat ënner anerem wéinst senge positiven Eegenschafte fir d’Gesondheet bekannt war. Dësen Dënschden, 2. Mee 2023 war déi offiziell Aweiung vum Pavillon vun der Source Bel-Val am Park ‚um Belval‘, deen un déi remarkabel Geschicht vum Mineralwaasser erënnert. Déi immersiv Installatioun vum Architektur-Kollektiv BeBunch an der Architektin-Kënschtlerin Laura Mannelli gouf vun Ufank un net nëmmen als Plaz konzipéiert, op där d’Mënsche sollen zesummekommen an entspanen, mee och eppes bäiléieren. Iwwert de Pavillon verdeelt sinn ë.a. Lautsprecher verstoppt, an et kann een unhand vu QR Codë mat sengem Handy eng virtuell Zäitrees maachen. All Visiteur kann esou no an no d’Geschicht vun der Quell iwwer d’Architektur eraus entdecken. Et ass virgesinn, dass de Pavillon an noer Zukunft och eng kleng Restauratioun ubitt.