Coup de pelle Belval-Nord
Freides, den 21. Oktober 2022 gouf a Präsenz vum Logementsminister Henri Kox de Grondstee vum neie Projet Belval-Nord geluecht. Zesumme mat der #SNHBM entsteet op dëser Plaz een neie Quartier mat ënnert anerem:
- 83 Logementer fir ze lounen
- der neier Maison Sociale vun der Gemeng Suessem
- engem Multifunktiounssall fir déi lokal Veräiner
- Büroen, Cabineten, Commercen a Gastronomie
- engem weideren Accès op d’Waassertrap
Den Henri Kox an de Guy Entringer (Direkter SNHBM) sinn an hire Rieden op d’Wichtegkeet vum abordabele Wunnengsbau an déi gutt Zesummenaarbecht tëschent allen involvéierte Partner agaangen. En Theema, dat sécherlech net nei wier, mee genee esou effikass an divers Projete wéi dësen um Belval-Nord géifen dobäi hëllefen, fir dëser Problematik konkret entgéintzewierken.
D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz ass an éischter Linn op de Méiwäert fir d’Gemeng bei dësem Projet agaangen. Sou géif si sech net nëmmen iwwert eng weider kommerziell a gastronomesch Beliewung vum Quartier freeën, mee virun allem och op déi nei Maison Sociale op dëser Plaz. Dës géif sämtlech sozial Gemengeservicer zentraliséieren an donieft den aktuellen Office social a seng ze kleng Raimlechkeeten ofléisen. Schlussendlech huet d’Buergermeeschtesch et begréisst, datt déi sëlleg aktiv Veräiner aus der Gemeng deemnächst vun engem weidere moderne Sall profitéiere kënnen.
Aktuell si schonns Terrassements- an Isoléierungsaarbechten amgaangen. De ganze Projet soll spéitstens fir xx fäerdeg ginn.