Ëmweltwochen: Stop Plastik!
Den Eewee-Plastik war am Viséier vun den Ëmweltwochen 2019, déi vum 4. bis den 9. Mäerz 2019 am Artikuss organiséiert goufen. De Schäfferot, den Ëmweltbüro, d’Ëmweltkommissioun an d’Klimateam aus der Gemeng Suessem ware mat dëser Thematik um Bols vun der Zäit, an déi eenzel Konferenzen a Workshoppe waren dofir och gutt besicht.
De Startschoss war de 4. Mäerz 2019 mat enger Table Ronde, bei där d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, de Suessemer Buergermeeschter Georges Engel, d’”Zero Waste Lifestyle” Vertriederin Tania Gibéryen an d’Geschäftsfra Christiane Wickler iwwer eng Gemeng ouni Plastik diskutéiert hunn.
D’Ëmweltwochen hu kloer gewisen, dass mir eis Gewunnechten ännere mussen. An der Ausstellung, déi eng ganz Woch laang fir de Public op war, krut een Alternative fir am Haushalt gewisen. D’Léierpersonal aus der Gemeng gouf och fir de Plastikproblem sensibiliséiert, an d’Veräiner krute Léisungen ouni Plastik beim Organiséiere vu Fester méi no bruecht, woubäi och all kéiers lieweg Diskussiounen zum Thema gefouert goufen.
En Highlight war d’Konferenz vum “monsieur zéro déchet” Jérémie Pichon, deen de 6. Mäerz 2019 vu senger eegener Erfarung gezielt huet. Hien a seng Famill hunn hiert Liewe virun e puer Joer komplett ëmgestallt a produzéiere bal keen Offall méi. Hien huet praktesch Tuyaue ginn, wéi jidderee vun eis mat klenge Gesten a Reflexer am Alldag eppes bewierke kann.
Den Ofschloss war de Familljendag den 9. Mäerz 2019, bei deem Grouss a Kleng gewise kruten, wéi ee mat einfache Mëttelen an ouni Chemikalie villes selwer maache ka fir Verpackung ze spueren. Bei “Free Your Stuff” kruten net méi gebrauchte Géigestänn en zweet Liewen a beim “Repair Café” gouf ganz äerdeg gefléckt. Iessen a Gedrénks gouf zu Gonschte vun “Gemeng Suessem hëlleft” ugebueden.
En europawäit Verbuet vum Eewee-Plastik soll an 2 Joer a Kraaft trieden.
Hei fannt Dir de komplette Programm nach emol fir nozeliesen.