Ëmweltwoch: Nohalteg akleeden
Nodeems d’Gemeng Suessem Enn 2019 d’Klimakris ausgeruff hat, huet sech d’Ëmweltwoch vum 24. bis den 29. Februar 2020 mam nohaltegen Akleede befaasst. Déi weltwäit Kleederproduktioun stéisst méi CO2 pro Joer aus wéi de Fliger- a Schëffsverkéier zesummen. Kleeder sinn haut bëlleg ze kréien an esou kuerzlieweg a problematesch wéi Eewee-Plastik. Och d’Isolatioun vu Gebaier ass jee no Material problematesch. Dat bezitt sech op d’Produktioun an op de Recyclage.
D’Gemeng Suessem huet op d’Mëssstänn opmierksam gemaach an Alternativen opgewisen. Et gouf déi ganz Woch Infostänn am Artikuss, ënner anerem vun Neobuild ronderëm nohalteg Bauelementer, vun Transforma zum “hacken” vun alldeeglechen Objeten a vun der Caritas a vu Fairtrade fir d’Gewunnechte beim Kleeder kafen z’iwwerdenken. Eng Table ronde huet sech méi genee mat de Kleeder an der Moud befaasst. D’Diskussiounsronn mam Buergermeeschter Georges Engel, dem Georges Kieffer (BENU Village asbl), Karel Lambert (Akabo Buttek) a Jean-Louis Zeien (Fairtrade Lëtzebuerg) war sech um Enn eens, dass den Trend a Richtung “Slow Fashion” misst goen, an dass et Ustrengunge vun alle Säite brauch: Politik, Industrie a Konsumenten.
E weideren Highlight war den Info-Owend fir d’Veräiner aus de PRO-SUD Gemengen zum Logo “Green Events”, engem Projet vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung. Als Ofschloss war samschdes nomëttes de Familljendag am Artikuss, bei deem ee sech a gemittlecher Atmosphär nach emol informéiere konnt. Et gouf och en “Do It Yourself” Workshop, e Moudendefilé an am Repair Café gouf äerdeg gefléckt.