Presentatioun neie Logo a nei Homepage
E Méindeg, den 24. September huet de Schäfferot vun der Gemeng deen neie Logo, an domat och déi nei Charte graphique vun der Gemeng Suessem presentéiert. Bei der selwechter Geleeënheet ass och déi nei Homepage vun der Gemeng online gaangen.
De Logo gouf vun der Firma Vidale-Gloesener entwéckelt an orientéiert sech un de Faarwe vum Suessemer Wopen. Déi nei Homepage vun der Gemeng ass zesumme mat der Firma Lightbulb programméiert ginn.