Porte Ouverte Matgesfeld
Um Samschden, 6. Juli 2019 war de grousse Rendezvous beim Matgesfeld zu Bieles hannert dem Kierfecht. A Präsenz vum Buergermeeschter Georges Engel, dem Educatiounsminister Claude Meisch an der Presidentin vu Gaart an Heem Dr Martine Stein-Mergen war déi offiziell Aweiung vun der Volière, dem Beienhaus an der Zär fir Tomaten.
Vun 10.00 bis 17.00 Auer konnt een an d’Welt vun der Flora an der Fauna andauchen, mat flotten Demonstratiounen an Atelieren de ganzen Dag iwwer, dorënner Käerzegéissen, Bastele mat Naturmaterialien a Mole mat Planzefaarwen. Donieft gouf et Infostänn vun der Société Avicole, der APEMH, den Amis de la Fleur Bieles an der EBL, an Optrëtter vun “Groupe Contradanca”, der Band LEEDS an dem Groupe Capoeira MJ Rodange.