Treffpunkt Senior+
Ee mol an der Woch gëtt de Service Senior+ Iech Rendez-vous, fir a beschter Gesellschaft schéi Momenter ze verbréngen a Kontakter ze knäppen. Dobäi gëtt et och Kuch an eppes ze drénken, souwéi och heiansdo speziell Aktivitéite wéi Liesnomëtteger, Virféierungen, Atelieren a villes méi. Den Treffpunkt ass all Méindeg vu 14.00 bis 17.00 Auer ausserhalb vun de Schoulvakanzen am Centre culturel Metzerlach mat Parking virun der Dier.
Déi éischt Renconter de 17. Mäerz 2025 war ee vollen Erfolleg. Déi nächst Datumer si follgend:
- 24.03.2025
- 31.03.2025
- 28.04.2025
- 05.05.2025
- 12.05.2025
- 19.05.2025
- 02.06.2025
- 16.06.2025
- 30.06.2025
- 02.07.2025
- 07.07.2025
- 14.07.2025
No der Summervakanz starte mir nees an der zweeter Septemberwoch, also méindes den 8. September 2025.
Fotoen: Steve Ginepri / Gemeng Suessem