Virowend vun Nationalfeierdag
Deen traditionelle Virowend vun Nationalfeierdag beim KUSS huet dëst Joer e Samschdeg, den 22. Juni 2024 stattfonnt.
D’Manifestatioun war net just eng Feier, mee stoung och ënnert dem Label Green Event, dee jiddereen·t dozou motivéiere soll, déi néideg Moossnamen och ëmzesetzen. Ënnert anerem goufen dem Public am Virfeld déi ënnerschiddlech nohalteg Transportméiglechkeete kommunizéiert, sou déi gratis Navetten, en ëffentlechen Transport oder de Vëlossystem Vël’OK. Eng grouss Neiheet deen Owend war de Cashless-System, op deen d’Awunner·innen och am Virfeld opmierksam gemaach a sensibiliséiert goufen. Bezuelt gouf ausschliisslech mat Kaart oder Smartphone.
De Cortège ass an der Rue du Knapp gestart an huet bis op de Scheierhaff d’Blécker op sech gezunn. Um KUSS ukomm huet d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz eng Ried gehalen. Fir déi musikalesch Animatioun waren den DJ Fr3sh, d’Zolwer Knappbléiser a Conert Grand Jam & The Double T’s zoustänneg. Den Highlight vum Owend war de Waasserspektakel Splashtastic! mat danzende Waasserfontainen. D’Festivitéite sinn nach bis an d’Nuecht era mat den DJs vun CDT Events weidergaangen.