Botzaktioun Lycée Bel-Val
Direkt zwee mol waren d’Schüler vum Lycée Bel-Val dës an déi lescht Woch nomëttes an de Quartiere ronderëm d’Schoul ënnerwee, fir Dreck oprafen ze goen. Nodeems si am Festsall mat enger kuerzer Usprooch fir d’Thematik sensibiliséiert gi waren, konnten d’Equippen um Terrain weisen, dass si gären eng Hand mat upake wann et drëms geet, de Knascht anzesammelen.
D’Aktioun “Grouss Botz” gëtt et zanter dem Schouljoer 2012/13 a gouf och an dësem Schouljoer zwee mol duerchgefouert, woubäi am Ganzen iwwer 300 Schüler aus all méigleche Klasse matgemaach hunn. D’Thema Klimawandel passionéiert si an et goufen och schonn Eegeninitiative vun de Schüler, déi sech Gedanken zum Ëmgang mat der Natur gemaach hunn.