Naturléierpad
Den 31. Juli 2024 gouf den Naturléierpad um Zolwerknapp ageweit. Um Wee erop op d’Kopp gëtt et elo 9 verschidde Statiounen, déi virwëtzeg maachen an invitéieren, matzemaachen. Hei gouf besonnesch un d’Kanner geduecht, well een och eng Hellewull Informatiounen iwwer Flora a Fauna kritt.
Et gëtt een zum Beispill opgekläert iwwer déi verschidden Zorte Bamwuerzelen an -zorten, souwéi iwwer d’Haaptvullenzorten an eiser Géigend, déi sech net nëmmen duerch hire Gesang, mee och duerch den Zäitpunkt ënnerscheeden, zu deem si viru Sonnenopgang de Schniewel opmaachen. Doriwwer eraus kann een sech am Wäitsprong mat Déiere moossen, eng Kéier an de Bësch eralauschteren a geschichtlech zeréck an d’Zäit vun der Buurg Zolwer goen.
Hei ass de geneeë Startpunkt vum Wee (klicken).