Mérite universitaire
De Méinden, 15. Mee 2023 war am Festsall vun der Gemeng zu Bieles d’Iwwerreechung vum Mérite universitaire. Eng 227 Student·innen, déi an de leschte Joren e Subside ugefrot haten, waren eligibel. 6 Joer nom leschte Mérite hat sech eng Abberzuel Universitairë gemellt, déi a Präsenz vun der Buergermeeschtesch, dem Schäfferot a Membere vum Gemengerot geéiert goufen. D’Themeberäicher ware breet gefächert, vu Politik iwwer Psychologie, Geschicht oder och nach Génie civil. Ënnert de Laureat·innen haten der eng Partie d’Wuert ergraff, fir dem versammelte Public méi zu hire Studien ze zielen. Uschléissend gouf et en Éierewäin.