Mérite sportif extraordinaire
De Samschden, 4. Mee 2024 goufen eng Partie Sportler·innen aus der Gemeng Suessem geéiert. Si hunn sech duerch aussergewéinlech Leeschtungen ervirgedoen, déi mam Mérite sportif extraordinaire dann och déi passend Unerkennung kréien.
• Bob Bertemes: Participatioun bei der WM zu Budapest, der EM zu Istanbul a bei de Spiller vun de klenge Länner op Malta (Liichtathletik)
• Claudia Peffer: Goldmedaille bei de World Games zu Berlin (Basket)
• Gilles Welfringer: drëtt Plaz op der WM zu Liberec mat sengem Hond (Agility)
• Alberto Bargagna: drëtt Plaz op der WM zu Ostbevern (Keelen)
• Uwe Jakoby: Vize-Champion op der WM zu Ostbevern (Keelen)
• Marcelline Della Modesta: Vize-Championne op der WM zu Ostbevern (Keelen)
• Leeloo Reinesch: Participatioun bei de Spiller vun de klenge Länner op Malta (Schwammen)
• Maud Allar: Landesrekord am 50m an 100m Brass, Participatioun bei der Junior EM zu Belgrad (Schwammen)
• Steve Weiwert: Indoor plus Outdoor Landesrekord am Gewiicht (Liichtathletik)
• Nadine Kremer: Indoor plus Outdoor Landesrekord am Gewiicht (Liichtathletik)
Fotoen: Max Staus