Sportleréierung
De Freiden, 14. Mäerz 2025 hat d’Sportskommissioun am Artikuss zu Zolwer alles ënnert de Motto vum Sport gesat. Vill Athletinnen an Athlete goufe fir hir Leeschtungen am vergaangene Joer geéiert.
Dorënner waren 98 Eenzelsportler·innen, wouvunner der 49 fir eng éischt, 30 fir eng zweet an 19 fir eng drëtt Plaz ausgezeechent goufen, an och 32 Ekippen, bei deenen et 10 mol eng éischt, 12 mol eng zweet an 10 mol eng drëtt Plaz ze feiere gouf. D’Panoplie goung vun Agility iwwer Canicross, Boulderen, Schéissen, Petanque, Keelen, Gymnastik, Liichtathletik, Schwammen, Darts, Tennis, Fussball, Karate bis Cyclissem.
Gratulatiounen u jiddereen·t!
Fotoen: Max Staus