Marché Solidaire
Dëse Samschdeg, de 17. Juni 2023, huet d’Gemeng Suessem op de Marché Solidaire op der Place de l’Indépendance zu Zolwer invitéiert. Dëse gesellege Rendez-vous gouf als Green Event konzipéiert, fir a puncto Nohaltegkeet an Ëmweltschutz en Zeechen ze setzen. Vun 10.00 bis 18.00 Auer goufen op ville Stänn lokal an alternativ Produkter ugebueden. All déi Virwëtzeg konnten ënner anerem Qualitéitsproduiten op Basis vun Hunneg entdecken, an donieft och den Alternative Planzenatelier, originell Upcycling-Bijouen souwéi aussergewéinlech Kosmetik- a Botzproduiten.
Den Dag huet um 10.00 Auer mat engem gratis Fair Breakfast ugefaangen, deen ëm 11.00 Auer vun den Zolwer Knappbléiser mat hirem Apéro-Concert ofgeléist gouf a fir Stëmmung gesuergt huet. Den Optrëtt vum Ukraine Dance Group ëm 14:00 Auer war e weideren Highlight, ier d’Fada’s Family ëm 16.00 Auer mat hirer Travestieshow de Punkt op den i gesat huet, andeems de Public mat Klassiker aus Chanson a Schlager nach emol waakreg gerëselt gouf.
D’Kanner konnten ënner anerem Gesellschaftsspiller spillen an hir Gesiichter vum Animastaff vum Jugendtreff SABA mole loossen. Et gouf och Popcorn, fir déi Kleng a Grouss bei Laun ze halen.