Marché Solidaire
Dëse Samschdeg, de 15. Juni 2024, war den traditionelle Marché Solidaire op der Place de l’Indépendance zu Zolwer, dee ganz a Zeeche vun der Nohaltegkeet an dem Ëmweltschutz stoung.
Vun 10.00 bis 18.00 Auer goufen op ville Stänn lokal an alternativ Produkter ugebueden. Et waren och e puer Mini-Entreprise mat dobäi, dorënner Cozy Creations mat hire geheekelte Stressbäll a Coffee Charm, déi Fleegeprodukter fir d’Haut ubidden.
Och vum Repair Café gouf vun 10.00 bis 13.00 Auer profitéiert, fir mat der Hëllef vu geschéckten Hänn futtisse Saachen en neit Liewen anzehauchen. An nomëttes gouf en Atelier mat der Conserverie locale ugebueden.