De Wee vum Steen
Virun e puer Joer gouf e Konkasser um Gaalgebierg zu Bieles erëmentdeckt, een eenzegaartege Modell am Minett, dee bis 1971 aktiv war a mëttlerweil zougewuess war. Fir d’Gemeng Suessem war dëst den Ufank vun den Iwwerleeungen, fir den industrielle Patrimoine am Kader vun hirem Programm fir Esch2022, déi Europäesch Kulturhaaptstad, op dëser Plaz ze valoriséieren. Dat huet d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz de Mëttwoch, 31. Juli 2024 bei der Aweiung vum fäerdegen Trëppelwee erkläert. Hei ass säi geneeë Verlaf (klickt, a kuckt „Wee vum Steen“).
An dëser Natura 2000-Zon huet een elo d’Méiglechkeet ze retracéieren, wou d’Gefierer mat de Steng vum Exploitatiounssite bei de Briecher gefuer sinn, a wéi déi zerklengert Steng vum Bierg iwwer e Fërderband erof bei d’Kräizung vun der rue de France komm sinn, wou de Minett um Quai Wënschel direkt an d’Zuchwaggone geluede gouf, déi dann alles bei d’Héichiewen transportéiert hunn. A Präsenz vun deenen, déi dem Projet Liewen agehaucht hunn – ënner anerem de Membere vum DKollektiv Eric Marx, Serge Ecker a Misch Feinen, souwéi der Kënschtlerin Trixi Weis –, hu sech vill Leit virum Konkasser afonnt, deen den Héichpunkt vum Parcours duerstellt. En huet ewell eng nei Plattform (Marx), op där och eng Skulptur vum Konkasser am Klengen (Ecker a Feinen) steet, déi op Basis vun den originale Pläng entworf e bei der Fonderie Massard produzéiert gouf.
Laut Misch Feinen war de Projet eng schéi Geleeënheet, de Wee souwuel landschaftlech wéi och architektonesch opzewäerten. Ënnerwee begéint een notamment Bänken, déi vum Trixi Weis entworf goufen. D’Erklärungspanneauen erlaben et, déi verschidden Etappe vum Wee vun de Steng gutt ze verstoen. Hei ass de geneeën Emplacement vum Konkasser (klicken).