Kino Beim Schlass
Déi éischten Editioun vum Kino Beim Schlass vum 19. bis den 23. August am Park vum Suessemer Schlass.
Um éischten Dag, donneschdes den 19. August war et de Spektakel “Viva la Fiesta” vum Jonn Happi dee ville Kanner e Stralen an d’Gesiicht gezaubert huet. Dono gouf den aktuelle Blockbuster “Hitman’s Wife’s Bodyguard” gewisen.
Freides, den 20. August war et den Yves Steichen dee säi Filmvirtrag “Going Viral – Pandemien im Kino” virgedroen huet, éier dono de passende Kultfilm “12 Monkeys” um Programm stoung.
Um drëtten Owend, samsdes, den 21. August, goung et nom Concert vu Bonie & Clyde méi grujeleg zou. Hei war et dem Francis Ford Coppola säi Klassiker “Bram Stoker’s Dracula” an der eemoleger Atmosphär a flotter Kuliss vum Suessemer Schlass.
Sonndes, den 22. August stoung de Modern(a) Jazz Quartet op der Bün, gefollegt vum präisgekréinte Film “Minari”.
Um leschten Owend ass et ‘Queesch duerch de Gaart‘ gaangen. D’Betsy Dentzer, d’Luisa Bevilaqua an d’Anik Schwall um Cello hu mat hierem Erzielprogramm dat jonkt a manner jonkt Publikum begeeschtert.
E grousse Merci un all eis Visiteuren a bis d’nächst Joer!