Dag vum Bam
Um Scheierhaff zu Zolwer war de 16. November 2024 Rendez-vous, fir déi 33. Editioun vum nationalen Dag vum Bam ze feieren. 22 Beem, vum Hieselter bis bei d’Summerlann, goufen hannert dem Mini-Stade geplanzt, symbolesch fir d’Bëbeeën, déi am Zäitraum tëschent dem 1. September 2023 an dem 31. August 2024 gebuer goufen an an eiser Gemeng wunnen.
D’Schäff·innen Nathalie Morgenthaler a Steve Gierenz hunn an hire Rieden op d’Urgence fir Beem ze planzen opmierksam gemaach. De Gemengerot hätt festgehalen, als Naturpakt-Gemeng just nach eenheemesch Beem an Hecken ze planzen. Ernimmt gouf och de Projet Avenue 2025 zu Zolwer, wou en Deel vun enger Strooss zeréckgebaut gëtt, fir der Natur Plaz ze maachen.
Als Kaddo konnten d’Elteren, déi sur place waren, wielen tëschent engem Äppel- a Mirabellebam. D’Spullweenchen ASBL huet waarme Schocki, Kaffi a Schockelasrullen zerwéiert, natierlech alles aus fräiem Handel. Den Dag virun der Zeremonie ware vun de Schoulkanner vum Cycle 4.1 vun der Madamm Claudia Rosa a vum Cycle 4.1 vun der Madamm Stéphanie Michels Beem nieft der Tennishal um Scheierhaff geplanzt ginn, dorënner Maasselter an Hielenner.
Fotoen: Max Staus