Dag vum Bam
Am Kader vum 30. nationalen Dag vum Bam goufe samschdes, den 20. November 2021, erëm eng ganz Rëtsch nei Beem an der Suessemer Gemeng geplanzt.
Passend zur Erneierung vun der Strooss, waren déi jonk Elteren an de Gemengerot dëst Joer an der Rue de la Gare zu Bieles mat Schubbkar, Schëpp a Stiwwelen um Dill.
Bei der Editioun 2021 gouf ee Bam fir all neigebuerent Kand aus eiser Gemeng geplanzt, dat tëschent dem 1. September 2020 an dem 31. August 2021 op d’Welt komm ass.
Insgesamt war et schonns de 57. Dag vum Bam an der Gemeng Suessem.