Mobilitéitsdag
E ganzen Dag ronderëm de Vëlo gouf de Samschdeg, 21. September 2024 vun de Kordall-Gemengen organiséiert. Op der Place de l’Indépendance zu Zolwer gouf et Infostänn an d’Méiglechkeet, E-Vëloen an E-CargoBiken op engem ofgespaarte Parcours ze testen. Donieft konnt ee vum Velorepair profitéieren a bei enger Biergcourse matmaachen. Den Occasiounsbuttek vum CIGL Déifferdeng, de Vël’OK vum CIGL Esch an d’Haus vum Velo waren och mat vun der Partie, a stäerke konnt ee sech mam Catering vun Eis Epicerie.
Donieft goufen och d’Gewënner·inne vum Concours „Pimp my Bushaischen“ belount. Heibäi goung et drëms, den Haisercher bei den Arrêten am ëffentlechen Transport e besonneschen Touch ze ginn. Beim Jury a beim Public am Kader vum Voting op Facebook hat de Projet vum Foyer Roude Wee am meeschten Uklang fonnt. D’Installatioun ass beim Arrêt Schoul Roude Wee zu Bieles ze bewonneren.
Fotoen: Max Staus