Aweiung Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld
Um Freidegmoien, 7. Oktober 2022, gouf a Präsenz vum Wirtschaftsminister Franz Fayot den ‘Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld’ ageweit. An dësem Container, dee rezent am Kader vun engem pariticipative Chantier nohalteg isoléiert gouf, sollen zukünfteg Grouss a Kleng d’Méiglechkeet gebuede kréien, fir erëm méi mat der Natur a Kontakt ze trieden.