Vermächtnis vun der Famill Van Dyck
D’Famill Van Dyck, mat Originnen an Holland, huet d’Geschicht vun Esch a Suessem no der Franséischer Revolutioun markéiert. De Jean Van Dyck gouf 1801 den éischte Buergermeeschter vun Esch an huet ënner anerem fiskal Reformen duerchgesat. Säi Bouf Egide war vun 1827 bis 1848 Buergermeeschter vu Suessem. De Jean a seng Fra Marie haten 8 Kanner, wouvunner verschiddener um Ufank vum 20te Joerhonnert a Kanada ausgewandert sinn.
Virun e puer Joer huet d’Lisa-Jane Watson, eng kanadesch Descendante vun der Famill Van Dyck, hir Wuerzele bis op Lëtzebuerg retracéiert an 2022 Esch besicht. Den 1. Juni 2024 war am Kultur- a Geschichtshaus A Gadder zu Bieles en Accueil fir d’Lisa mat hirer Famill. Mat der feierlecher Ënnerschrëft am Gëllene Buch vun der Gemeng Suessem gouf d’Bréck geschloen tëscht dem Familljenheritage an engem wichtege Kapitel vun eiser lokaler Geschicht.
Fotoen: Max Staus