Grouss Botz
De Samschdeg, 22. Mäerz 2025 waren elauter fläisseg Hänn an eise véier Uertschaften ënnerwee, fir dem Knascht d’Stier ze bidden.
Ëm 10 Auer war Rendez-vous op der Gemeng zu Bieles, der Place de l’Indépendance zu Zolwer, beim Kulturschapp zu Éilereng a bei der Sportshal zu Suessem. Duerno goung et mat Dreckstuten a -pëtze lass, fir déi Saachen opzerafen an anzesammelen, déi näischt um Buedem oder an der Natur verluer hunn. No zwou Stonnen Aarbecht gouf et eng wuelverdéngte Stäerkung am Matgesfeld.
E grousse Merci un all déi Fräiwëlleg, déi e puer Stonne vun hirer Zäit fir eis Ëmwelt geaffert hunn.
Fotoen: Max Staus