Aweiung “Wattway”
Den 12. September 2018 war a Präsenz vum Vize-Premier an Energieminister, Etienne Schneider, dem Suessemer Buergermeeschter, Georges Engel, an dem Direkter vu Sudgaz, Alain Fürpass, d’Aweiung vun der alleréischter Solarstrooss vu Lëtzebuerg.
De Projet baséiert op enger Technologie, déi vun der franséischer Firma Colas entwéckelt gouf an gouf vun der Gemeng Suessem zesumme mat der Sudgaz S.A. realiséiert.
De Stroum, deen hei gewonne gëtt, gëtt an Zukunft benotzt fir d’Servere vun der Gemeng Suessem ze bedreiwen.