Seniorefeier
De Schäfferot an d’Seniorekommissioun vun der Gemeng Suessem haten den 10., 11. an 12. Dezember 2019 op déi traditionell Seniorefeier invitéiert. Am feierleche Kader vum Artikuss, dee festlech gerëscht gi war, gouf geselleg matenee gepotert an e Maufel giess. Fir eng sëlleche Leit ass et ëmmer nees eng flott Geleeënheet, Frënn a Bekannten erëm ze gesinn.
D’Marion Welter an de Rol Girres hu mat hirem Potpourri aus bekannte lëtzebuergeschen an internationale Klassiker gesanglech duerch den Nomëtteg gefouert, an d’Kanner aus der Maison Relais hunn als Chorale fir e weideren Highlight gesuergt. D’Kréinung vum Showprogramm war den Optrëtt vun den Zolwer Knappbléiser. Als Ofschloss krut all Senior aus der Gemeng nach e Kaddo.