Bärbelefeier
De Schäfferot vun der Gemeng Suessem, d’Amicale vum Asazzenter Suessem-Déifferdeng an d’Société culturelle pour la sauvegarde de la tradition du mineur haten de Sonnden, 1. Dezember 2019 vun 09.30 Auer un op déi traditionell Bärbelefeier op Bieles invitéiert. No der Mass an der Kierch goung et mam Cortège Richtung Rue de l’Usine.
Déi “nei” Kapell vun der Sainte-Barbe, déi an der Rue des Alliés komplett ofmontéiert an an der Rue de l’Usine erëm opgebaut gi war, gouf feierlech ageweit. Fir der Patréinerin vun de Minnenaarbechter an de Pompjeeën ze gedenken, gouf eng Gerbe néiergeluecht. No de Riede vum Buergermeeschter Georges Engel an vum President vun der Société culturelle pour la sauvegarde de la tradition du mineur Henri Dondelinger goung de Cortège weider op d’Gemeng zu Bieles fir den offiziellen Deel vum Programm mat engem Éierewäin ofzeschléissen.
Fotoen: Fabio Wiethoff