Bärbelefeier
Zesumme mat der Amicale vum Asazzenter Suessem-Déifferdeng, der Société culturelle pour la sauvegarde de la tradition du mineur an der Bieleser Musek, hat d’Gemeng Suessem de Sonnden, 3. Dezember 2023 bei d’Kapell vun der Sainte-Barbe op Bieles invitéiert, fir der Patréinerin vun de Minnenaarbechter an de Pompjeeën ze gedenken. Duerno goung de Cortège weider an d’Kultur- a Geschichtshaus A Gadder, fir den offiziellen Deel vum Programm mat Riede vun der Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz a vum President vun der Société culturelle Henri Dondelinger, souwéi engem Éierewäin ofzeschléissen.