D’Realitéit vum Al-Ginn erliewen
Wéi erliewe mir d’Konsequenze vum Alter? Där Fro hu sech en Dënschdeg, de 26. November 2024 e puer vun eise Mataarbechter·inne wärend der Formatioun AgeMan – Alter verstoen an erliewen gestallt, déi vum Service Senior+ organiséiert gouf. No enger theoretescher Aféierung vum Alain Brever, Direkter vum gero – Kompetenzzener fir den Alter, konnten d’Participant·inne simuléieren, wéi Persoune mat reduzéierter Mobilitéit, ageschränkter Siicht a Kraaft den Alldag erliewen a meeschteren. Dofir hu si de sougenannten AgeMan, e Simulatiounskostum, ugedoe kritt.
Zesumme gouf och d‘Accessibilitéit vun eisem Gemengenhaus analyséiert, an et si Verbesserungsvirschléi gemaach ginn. D’AgeMan-Kombinatioun weist, a wéi engem Ausmooss kleng Hindernisser, wéi zum Beispill eng schwéier zougänglech Dier oder eng rutscheg Trap, séier zu grousse Problemer kënne ginn. D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet och un dëser beräicherender Erfarung deelgeholl.
D‘Formatioun hëlleft, d’Besoine vun eelere Bierger·inne besser ze verstoen an eist Engagement fir eng méi accessibel a inklusiv Gemeng fir all Generatiounen ze verstäerken.