Ausfluch an d’Matgesfeld
D’Maison Relais vum Kannercampus hat de 15. Februar 2024 eppes ganz Besonnesches geplangt. Mat de Kanner aus dem Cycle 3 goung et an den Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld. Si hunn awer net nëmme geléiert, wéi se selwer Pizza maache kënnen.
Wärend de selwergemaachten Deeg laang genuch konnt zéien, ass et fir déi kleng Pizzabäcker·innen an hir Enseignanten eraus bei d’Schwäin an d’Hénger gaangen. Do huet de Leroy vum Matgesfeld ënnerstrach, wéi ee mat den Déieren ëmgeet, wat si z’iessen duerfe kréien an huet de Kanner Schëppen an d’Hand ginn, fir dass si selwer kënne mat upaken an d’Doheem vun den Déiere propper maachen.
Éier et nees eran an den Zenter goung, fir d’Pizzae mat frësch geschniddenem Geméis ze beleeën, kruten d’Schüler·innen eng kleng Aféierung an d’Planzen- a Kraiderwelt. Spéider goufen d’Pizzaen am Uewen ënner fräiem Himmel gebak. En erfollegräichen Ofschloss fir déi 9 Kanner aus der Maison Relais Kannercampus.
Méi Informatiounen zum Matgesfeld ginn et hei.