Maskeverdeelung
Vum Méinden, 25. Mee 2020 bis de Samschden, 30. Mee 2020 kënnen d’Awunner vun der Gemeng Suessem hir 50 Schutzmasken oder 2 Stoffmasken op 4 verschidde Plaze siche goen, ënner anerem bei der Gemeng zu Bieles. De Schäfferot huet direkt um éischten Dag matgehollef an zitt e ganz positive provisoresche Bilan.