Demenz mat Häerz
Am Kontext vu Suessem – eng demenzfrëndlech Gemeng, ginn elo och déi jéngst Bierger·innen an eiser Gemeng duerch de Pilotprojet “Demenz mat Häerz” vum Info-Zenter Demenz kandgerecht ronderëm d’Theemen Alter an Demenz sensibiliséiert. Wéi wichteg sinn Erënnerungen? Wéi geet ee mat kierperlechen a geeschtegen Defiziten ëm? A wat ass, wa Familljemembere betraff sinn? Do, wou och Erwuessener munch mol struewelen, fir Erklärungen ze fannen, soll Kanner vun 8 bis 12 Joer en entspaanten Ëmgang mat der Thematik bäibruecht ginn.
Den Optakt war an der Schoul Bieles-Post, wou véier Klasse vun am Ganze knapp 60 Schüler·inne vu Februar bis Abrëll wärend 2 mol 2 Stonnen informéiert goufen. Mir waren de 24. Abrëll an der Klass 4.1 vum Joël Wintersdorf mat dobäi. D’Isabel Pereira vum Info-Zenter Demenz huet ënner anerem mat de Kanner iwwer hir selwer gebastelt Erënnerungskëschte geschwat, an déi si elauter Saache gepak haten, mat deene si staark Erënnerunge verbannen. Um Enn krut all Kand vum Info-Zenter Demenz säin Diplom an d’Maskottche Menzi iwwerreecht.