Éischt-Hëllef-Cours
De Service Sociétés huet nees een Éischt-Hëllef-Cours an Zesummenaarbecht mam CGDIS op Lëtzebuergesch organiséiert. D’Formatioun war op 4 Samschdeger vun 8.00 bis 12.00 opgedeelt. De Cours huet follgend Sujeten opgegraff: éischt Mesuren op Accidenter, d’Versuerge vu Wonnen an den Ëmgang mat Verbänn, Verbrennungen, Bewosstlosegkeet a stabil Säitelag, Basic Life Support mëttels Häerzmassage an dem Asaz vum automateschen externen Defibrillator (AED), Reanimatioun vu Kanner a wéi een en accidentéierte Motard patientegerecht den Helm ausdeet.
Fotoen: Max Staus