Senioreconcert
De 5. Abrëll 2025 gouf déi 14. Editioun vum Senioreconcert („Déi Jonk vu fréier op de Brieder, déi d’Welt bedeiten“) vun der Seniorekomissioun vun der Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mam Institut Européen de Chant Choral (INECC) organiséiert. Wéi all Joer stounge beléiften a bekannte Lidder a Sëtzdänz opgefouert am Artikuss zu Zolwer um Programm.
Zu de Sänger·innen zielen traditionell Senior·innen aus verschidde Strukturen, dorënner de Club Senior, Alters- a Fleegeheemer, Strukture fir Leit mat Beanträchtegung a Bewunner·inne 50+, déi Freed um Sangen hunn.
Fotoen: Max Staus