Commémoration nationale
De Freiden, 11. Oktober 2024 ass d’Journée nationale de la commémoration mat enger Zeremonie beim Monument du Souvenir bei der Kierch zu Suessem markéiert ginn. Mat Ënnerstëtzung vun der Enseignante Marianne Termont-Ihry hu Kanner aus dem Cycle 4 aus dem Fondamental vu Suessem en Text virgedroen, dee vum Theaterstéck “Resistenz – ass d’Wourecht dat wat bleift?” inspiréiert war. Si wollten d’Erënnerung un d’Resistenzler·innen éieren an hinnen hir Dankbarkeet ausdrécken. Si hunn och d’Lidd “Sag mir wo die Blumen sind” gesongen. Dëst gouf am Original 1955 vum Folk-Museker Pete Seeger geschriwwen, fir op d’Massakere vu Kricher opmierksam ze maachen.
An hirer Ried huet d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz ënnerstrach, wéi wichteg et ass, d’Erënnerung un déi traureg Evenementer aus dem Zweete Weltkrich oprecht ze erhalen. An hirem Appell zur Wäitsiicht huet si betount: “Erënneren heescht, aus der Geschicht léieren, oppassen, a sech aktiv asetze géint all Forme vu Friemenhaass, vun Antisemitismus, vu Verbreede vun Haass a falschen Informatiounen, och an eisem Land!” 1941 war eng Volkszählung organiséiert ginn, wou Froen iwwert national, ethnesch a sproochlech Zougehéieregkeet un all Awunner·inne gestallt goufen. Hei haten d’Lëtzebuerger·innen dem preiseschen Okkupant d’Stier gebueden, andeems se op Lëtzebuergesch geäntwert hunn. An der Gemeng Suessem goufen 677 Leit entweder a Prisongen oder KZer deportéiert oder zwangsrekrutéiert, oder als Deserteuren oder Refraktäre gejot. 50 Mënsche vun hei sinn als “Mort pour la patrie” an den offizielle Lëschten agedroen.
A Präsenz vum Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Suessem, an och Vertrieder·inne vu Veräiner an dem CGDIS, souwéi enger Partie Invitéen, huet d’Suessemer Musek d’Sonnerie aux morts an d’Nationalhymn gespillt, als feierlechen Ofschloss vun der Gedenkzeremonie. D’Police huet beim Cortège fir d’Sécherheet gesuergt.