Colorissimo / Repair Café
De Samschden, 14. September 2019 war et bont um Scheierhaff zu Zolwer! Dat multikulturellt Fest “Colorissimo” am Festikuss hat vun 10.00 bis 18.00 Auer allerlee ze bidden. De Public konnt national an international Stänn entdecken, et goufe musikalesch an Danz-Performancen, Kachcourse fir Kanner a vill Spiller an Animatioun. Organisateur war d’Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem a Kollaboratioun mam Jugendtreff SABA, de Residenten aus dem Foyer Dickskopp, der ADIE (Association Divulgation et Intervention Educative), Eis Epicerie an dem Office social.
Den Artikuss stoung vun 14.00 bis 18.00 Auer am Zeeche vum “Repair Café”, bei deem Benevolle gratis gehollef hu futtis Saachen ze reparéieren, dorënner Spillsaachen, kleng Elektro-Apparater, Vëloen, Kleeder a villes méi. Bei der “Give Box” konnt een net méi gebrauchte Saache weiderverschenken, fir anere Leit eng grouss Freed ze maachen. De Kaf a Verkaf vu Spillsaachen a Sportgezei fir Kanner stoung am Mëttelpunkt beim “Second Hand”, ganz am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft.