Ouschtereeërsich
Grouss a Kleng hunn um Sonndeg, 21. Abrëll 2019 no der Hellewull Eeër gesicht, déi den Ouschterhues am Suessemer Schlasspark verstoppt hat. Et waren honnerten “Jeeër” op der Sich. D’Kanner hu mat Begeeschterung matgemaach an hu vum summerleche Wieder profitéiert.
Duerch eng speziell musikalesch an artistesch Animatioun gouf et eng verzaubert Ambiance an den Animastaff huet och Facepainting gemaach. D’Evenement war organiséiert vum Schäfferot, dem Service des Relations publiques et de la Culture an dem Service Écologique vun der Gemeng Suessem.